Bibliografie

Detailansicht

Mondelia

Kriminalroman
ISBN/EAN: 9782879542362
Umbreit-Nr.: 1767652

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 350 S.
Format in cm: 3.5 x 21.5 x 14.5
Einband: gebundenes Buch

Erschienen am 17.11.2010
€ 23,90
(inklusive MwSt.)
Lieferbar innerhalb 1 - 2 Wochen
  • Kurztext
    • A Mondelia weist den Auteur Jhemp Hoscheit, dee scho mat méi wéi engem Literaturpräis ausgezeechent gouf, fir déischte Kéier säin Talent als Kriminalschrëftsteller, an dat mat engem Roman, deen net nëmme wéinst senger Protagonistin iwwerrascht. Bei der Titelheldin Mondelia, déi am Jhemp Hoscheit sengem neie Buch hir detektivesch Fähegkeeten ënner Bewäis stellt, handelt et sech nämlech erstaunlecherweis ëm - eng Dëppeplanz. Kuerz nodeems dMarie Delken beim Här Grimmler op Besuch war, gëtt hatt entfouert. DKidnapper froe Léisegeld vum Marie sengem Papp, dem Chef dAgence vun der Luxbank. Fir dLiewe vu sengem Meedchen net op dSpill ze setzen, weess den Här Delken net, wat besser ass: DPolizei aweien oder op deege Fauscht handelen an dLéisegeld op där Plaz ofginn, déi e gesot krut? Den Här Grimmler, dee verdächtegt gëtt, mat de Kidnapper ënnert enger Decken ze stiechen, ass e grousse Planzefrënd a verbréngt seng Fräizäit domadder, sengen Zëmmerplanzen hir Wuesstemsreaktiounen ze moossen. Eng vu senge Planzen, dMondelia, huet aussergewéinlech Fähegkeeten. Nodeems se Zeie vun der Entféierung gouf, weist se staark physiologesch Reaktiounen. Et schéngt, wéi wann dMondelia op eng ganz besonnesch planzlech Manéier bei der Sichaktion hëllefen an sech lues a lues als intelligent Detektivin erausstelle kéint. Si déi botanesch Nofuerschunge méi erfollegräich wéi déi kriminalistesch Enquête? Kann dMondelia mat hirem detektivesche Flair op dSpur vu den Kidnapper kommen? De Fall kritt Dimensiounen, wéi een sech san engem gewéinleche Krimi bis zum Schluss net erwaart hätt.

Lädt …