Bibliografie

Detailansicht

Klangfaarwen

ISBN/EAN: 9782879542522
Umbreit-Nr.: 3722070

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 272 S.
Format in cm: 2.9 x 21.5 x 14.3
Einband: gebundenes Buch

Erschienen am 15.05.2012
€ 21,90
(inklusive MwSt.)
Lieferbar innerhalb 1 - 2 Wochen
  • Zusatztext
    • De Schrëftsteller Michel Lessener erënnert sech u seng Kandheet an de 6oer Joren. Hien ass ouni Papp opgewuess a wousst net, wou säi Papp déi ganzen Zäit war. Firwat hu seng Mamm, seng Schwëster a seng Schoulmeeschteren him gewësse Saache verheemlecht? Seng ganz Schoulzäit besteet nëmmen aus Rätselen. Ee Gléck huet hien als klenge Bouf e ganz gutt Gehéier an e speziellen Don. Well hien dGeräischer am Haus, an der Natur oder an de Caféen, an déi seng Mamm hie matschleeft, an Honnerte vu Fixkëschten ophëlt, kann hien eenzel Kläng ënnerscheeden a sech verschidden Téin verhalen. Seng Klangwelt gëtt eng Parallelwelt, mat där hie versicht, déi batter Realitéit an dAllengsinn besser zerdroen. Wéi hien de Claude, dem Ënnersuchungsriichter säi Jong, kenneléiert, fänkt eng spannend Zäit un. Et schéngt, wéi wann de Claude méi iwwert dem Michel säi Papp wéisst An dësem ganz intime Roman geet et ëm dWiesselspill tëscht Wourecht a Ligen, ëm de Wäert vun der Virstellungskraaft an der Stäerkt vun der Erënnerung. Ass dat, wat een an der Kandheet erlieft, entscheedend fir de Wee, deen ee spéider am Liewen aschléit?

Lädt …