Bibliografie

Detailansicht

De Pol muss an de Krich

Erënnerongen an Niewesaachen, Perspectives, Die Reihe Perspectives versteht sich als Plattform für Autoren, die ihren Lesern Einblicke in ihr eigenes Leben oder das Leben eines anderen gewähren möchten. Nebem dem Erlebten steht auch die gesellschaftl
ISBN/EAN: 9782879542591
Umbreit-Nr.: 4148055

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 240 S.
Format in cm:
Einband: gebundenes Buch

Erschienen am 30.10.2012
€ 21,90
(inklusive MwSt.)
Lieferbar innerhalb 1 - 2 Wochen
  • Kurztext
    • Wann e Politiker a senge Memoire vun deene Leeschtonge schwätzt, déi duerch hien oder duerch seng Initiativ realiséiert goufen, dann dréit hien doduerch zur nationaler oder lokaler Geschichtsschreiwong bäi a setzt sech e klengt perséinlecht Monument. An dat ass säi gutt Recht. Wann een, deen duerch de Krich Schreckleches huet misste matmaachen - e wor vläicht am Prisong, am Kazett oder un der Front - sech seng schlëmm Erliefnësser vun der Séil schreift, dann hëlleft hien domat, datt déi uerg Zäiten net an de Vergiess geroden. An elo kënnt hei op eemol een, deen näischt geleescht an näischt erlieft huet, an dee wëllt och säi Pefferkär bäileeën?! Abee, dorëm geet et grad elei: DZopp kritt dach eréischt Geschmaach, wa Salz a Peffer dran ass. An dësen Erënnerongungen an Niewesaachen geet bewosst wéineg oder guer keng Rieds vun deene grousse geschichtlechen Ereechnësser, déi mer jo ewell aus e sëlleche Publikatiounen iwwert deen Thema kennen. Si wëlle just beschreiwen, wéi et engem lëtzebuerger Jong deemools zemutt wor, dee probéiert huet, fir mat deenen drolegste Situatiounen eens ze ginn - a wa méiglech nees gesond heemzekommen.

  • Autorenportrait
    • Pel Schlechter, gebuer den 20.04.1921 zu Lëtzebuerg. Hie war 17 Joer an diversen Architektebüroen. Oktober 1942 bis November 1944 am Reichsarbeitsdienst resp. an der Wehrmacht. An Holland as en desertéiert a war bis Krichsenn do verstoppt. Hien hat 10 Joer en eegene Grafikatelier zu Lëtzebuerg a war 14 Joer technesche Chef an Hausgrafiker bei der Société des Foires Internationales de Luxembourg. 1986 ass e pensionéiert ginn. Grafesch Aarbechten: Affischen, Dekoren, Ausstellongsstänn, Buchabänn an Illustratiounen. Schrëftlech Aarbechten: Geschichten a Gedichter; dorënner De Lëtzebuerger Struwwelpéiter, De Bim an de Jopi, Ex Libris an Répertoire de lEx Libris Luxembourgeois, de 1622 à 1993.
Lädt …