Bibliografie

Detailansicht

Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge

Roman
ISBN/EAN: 9789995942311
Umbreit-Nr.: 3156708

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 496 S.
Format in cm: 4.6 x 21.5 x 14.5
Einband: gebundenes Buch

Erschienen am 25.11.2017
€ 26,00
(inklusive MwSt.)
Lieferbar innerhalb 1 - 2 Wochen
  • Zusatztext
    • Grad sou wéi de Genre vun dësem Buch net ganz eendeiteg ass - Roman, Erzielung oder vläicht Nilo (net identifizéierte literareschen Objet) genau sou wéineg ass den Auteur vun dësem Buch kloer: Ass et de Menn Malkowitsch selwer, dee sech dach nach getraut huet, seng Notizen aus de Suddelhefter propper op dBlat ze bréngen, ass et den ominéisen Helminger, deen eng wichteg Roll an dëser Geschicht spillt, oder ass et awer den Nico Helminger, deen eis all als Lëtzebuerger Auteur a Batty-Weber-Präis-Gewënner beschtbekannt ass? Eng kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge erzielt Episoden aus dem Menn sengem Liewen: wéi en no der Uni bei dPost komm ass, wéi eng exzessiv sexuell Relatioun hien an eng Publicitéitsagence gefouert huet, wéi säi Bestietnis an dBréch geet an hie lues awer sécher de Verstand verléiert. Den Auteur stellt dobäi alles a Fro, spillt mat Zitater, parodéiert bekannt Auteuren, hannerfreet de Sënn an dExistenz vun de Mënschen, vun der Literatur, der Kultur an allem wat mer mengen ze kennen.

  • Autorenportrait
    • Nico Helminger Den Auteur ass 1953 zu Déifferdeng gebuer an huet zu Saarbrécken, zu Wien an zu Berlin Literatur an Theater studéiert. Bis 1999 huet hien zu Paräis gelieft an ass elo rëm zu Lëtzebuerg. Hie schreift haaptsächlech op Däitsch a Lëtzebuergesch, an huet ënner anerem Gedichter, Theaterstécker, Erzielungen, Libretti fir Operen a Romaner publizéiert. Zënter 1978 ass d'Schreiwen e feste Bestanddeel vu sengem Liewen, iwwer 30 Publikatiounen huet hien an där Zäit verfaasst an 2008 gouf hie mam Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk ausgezeechent
Lädt …