Bibliografie

Detailansicht

De Schmunzel

Eng ko(s)mesch Geschicht
ISBN/EAN: 9789995942380
Umbreit-Nr.: 5406031

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 56 S.
Format in cm: 1 x 25.5 x 19
Einband: gebundenes Buch

Erschienen am 24.08.2018
€ 18,00
(inklusive MwSt.)
Nachfragen
  • Zusatztext
    • Dës nei Abenteuergeschicht fir Kanner vum Jhemp Hoscheit mat Illustratioune vum Carlo Schneider ass net vun dëser Welt. Eng Geschicht tëscht Bëschdéieren an engem Steen. Engem Steen? Jo, mee dat ass keen normale Steen, loosst Iech iwwerraschen. Zwee Bëschhuese fannen no engem Stuerm en décke Steen, deen an enger Kaul läit an awer mol sou guer net an dMinettgéigend passt. De Lappi an dMalla trauen hiren Aen net. DDéieren am Bësch sinn all virwëtzeg a buddelen de Steen aus dem Buedem aus. Mee do geschitt eppes, wat net stengeméiglech ass: E fänkt un ze schwibbelen, ze schwubbelen an ze schwabbelen. An ee Gesiicht kritt en och nach. Et ass wéi wann e schmunzele kéint. Dofir nennen dDéieren hien: De Schmunzel. Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. Wëssenschaftler sinn um ko(s)mesche Steen intresséiert a wëllen e mathuelen, fir en zënnersichen Mee léisst de Schmunzel sech dat gefalen? E weist op eemol, datt e méi kann, wéi nëmme schmunzelen. Dem Jhemp Hoscheit seng flott Sproochspiller a Kombinatioun mam Carlo Schneider senge faarweräichen Illustratioune maachen dGeschicht galaktesch-lieweg. An dobäi ass se och nach héichaktuell. Duerch Referenzen zum Weltall, dem Space mining, den Emojien an der Astrophysik kritt dGeschicht eng zousätzlech Dimensioun. Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng, fir Wëssenschaftler, fir Déierefrënn, einfach fir jiddereen, dee mol gäre schmunzelt.

  • Autorenportrait
    • De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner. De Schrëftsteller huet bis elo fënnefanzwanzeg Bicher publizéiert, dorënner véier Romaner - Perl oder Pica (1998), dee mam Servais-Präis ausgezeechent a verfilmt gouf - an elo scho säin zwieleft Kannerbuch. Dorënner sinn Wann d'Déieren Detektiv spillen, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf oder d'Monsteren am Gaart, déi bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoumen.
Lädt …