Bibliografie

Detailansicht

Wootleche Krich

Roman
ISBN/EAN: 9789995942465
Umbreit-Nr.: 5662989

Sprache: Keine Angabe
Umfang: 424 S.
Format in cm: 4 x 21.5 x 14.5
Einband: gebundenes Buch
Lesealter: 14-99 J.

Erschienen am 05.10.2018
€ 24,00
(inklusive MwSt.)
Lieferbar innerhalb 1 - 2 Wochen
  • Zusatztext
    • Wootleche Krich spillt 1965 an der Zäit vum Kale Krich. Mësstraue schléit engem op all Eck an dGesiicht, Gerüchter ginn ëm, Ufeindunge ginn ëmmer méi heefeg. An dotëscht steet dem Nick seng Clique, déi probéiert dWourecht erauszefannen. DWourecht iwwert ee vermeintleche Kommunist, iwwert een, deen onschëlleg Leit verflucht, iwwer dat, wat dGesellschaft anscheinend bedrot. Et ass eng Sich no Äntwerten, no Identitéit, no dem grouse Sënn hannert allem. De Roman verbënnt Theme wéi Kultur, Relioun, Sozialpolitik an Ideologien a verwurrelt se bis zur Onkenntlechkeet, fir se herno nees eenzel a kloer un dLiicht ze bréngen. De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Sengesgläiche sicht. DMentalitéit aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen a weist, wéi dLiewen an der Minettsregioun deemools war. Wootleche Krich beinhalt verschidden Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn.

  • Autorenportrait
    • De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner an huet bis haut iwwer fënnefanzwanzeg Bicher publizéiert. Dorënner eng Romantrilogie, déi aus Aacht Deeg an der Woch (2006), Wootleche Krich (2018) a Perl oder Pica (Éditions Schortgen,1998) besteet an déi elo, mat dëser neier Publikatioun, ofgeschloss ass. Den éischte Band dovu gouf 2006 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent a fir deen drëtte krut den Auteur 1999 de Servais-Präis. Och 2018 bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm, ass De Schmunzel, dem Jhemp Hoscheit säin zwieleft Kannerbuch. Anerer sinn: L'imagination, Zodi am Schatofor, Wat wibbelt do am Schaf, Monsteren am Gaart, Lauschterbichelchen, Den Eppes ...
Lädt …